


Ee Grujel- a Gespenstergeschichteprogramm,
ausgeduecht an erzielt vum Betsy Dentzer a
musikalesch vergrujhelt vum Louisa Marxen
Alter: 6 +
Sprooch: LU
Fir t’éischt spiers du et am ënneschte Réck. Dono krabbelt et gaaanz, gaanz lues laanscht d’Wirbelen de Réck erop, léisst sech kuerz tëscht de Schëllerblieder nidder éier et säi Wee bis an d’Genéck an hannert d’Ouere fënnt. Dacks schläicht et sech och nach iwwert d’Schëlleren d’Aërm erof. Et gëtt dir mol kal, mol waarm dobäi. De Bauch zitt sech e bëssi fäerteresch zesummen, an awer ginn déng Ouere grouss op…
Wat ass HéngerhautGeschichten?
HéngerhautGeschichten ass en Erzielstéck mat Musek fir eng kleng Jauge vu +/- 60 Zuschauer_innen. De Public soll zesummen zidderen, zesumme féiweren, sech zesummen an d’Geschichtewelten erandenken. En abstrakt Spill mat Luucht, Schiet ma och mat der absoluter Däischtert, souwéi d’Spill mat verschiddenen Instrumenter an Objet’en, sollen d’Fantasie weider befliggelen an op eng simpel Art a Weis dat Erzieltent spilleresch visualiséieren. Ma och d’Ouere kommen net ze kuerz: Bruitage, Musek, ma och d’Stëllt fuerderen d’ d’Virstellungskraaft vun all Eenzelnen eraus an erméiglechen ganz eege Gedankewelten. De Publikum sëtzt dobäi no um Bünegeschéien, wat en Andauchen an déi erzielte Welten méi einfach mëscht.