Jemp Schuster

Bluttsëffer & Ouereschlëffer

BLUTTSËFFER an OUERESCHLËFFER ass eng Familljechronik, an och d’Geschicht vun engem Duerf iwwert ee Joerhonnert.

Am 1. Band, BLUTTSËFFER, stinn d’Famillje Gerber, Maltes a Birnbaum vu Grozeg am Mëttelpunkt. Si huelen äis mat an d’Zäit tëschent 1905 an 1952, mat all sengen Héichten an Déiften.

Den 2. Band, OUERESCHLËFFER, beschreift den Ënnergank vun der Duerfkultur, tëschent de Joren 1952 an 2005. Déi al Strukture verschwannen, d’Protagonisten aus der 4. a 5. Generatioun, ginn aus der Baueregesellschaft vum 20. Joerhonnert an d’Globaliséierung vun den 2000er Joren katapultéiert.

D’OUERESCHLËFFER hunn hir Wuerzelen an de BLUTTSËFFER. Déi zwéi Bänn gehéieren zesummen. Een eleng ass, wéi eng Kutsch ouni Päerd, en Teimer ouni Mëscht oder e Buch ouni Säiten.

Bluttsëffer

D’Rhematisse mellen sech,
de Mound steet am Waasser,
d’Schmuerbele fléien déif,
de Kamäin schléit zeréck,
d’Kuebe jäizen naaass, naaass,
dat waren elauter Virzeechen,
datt et geschwë gereent huet.

D’Bluttsëffer ware méi
zouverlässeg wéi all Barometer.
D’Fanny hat emol an engem
Artikel gelies, datt déi Déieren
en Atomkrich géifen iwwerliewen.

Et war awer net sécher, ob dat
géif stëmmen. D’Elise huet sech
ni op esou wëssenschaftlech
Theorien agelooss…

Ouereschlëffer

Zanter e puer Nuechte ploen
déi kleng Krabbeldéiere mech.
Se hunn a mengem Ouer gejéngert.

Ech sinn déi lescht Nuecht erwächt,
well ech e schreckleche Bass am Kapp hat

Mäi Kappkësse war voll dees Gedéiesch.

Se sinn aus mengem Ouer erausgekroch,
vum d’Këssen erof op d’Matrass gefall,
vun do op de Buedem an ënnert der Dier
eraus an de Gank gekrabbelt.

Eng laang Ketten,
eng Prëssioun aus décken,
schwaarzbrongen Ouereschlëffer.

Mat Zaangen um Aasch,
grouss genuch,
fir der e Fanger erofzepëtzen …

L'auteur
©Serge Hoffmann

Den 29. Februar, op engem Sonndeg, am Joer 1948 gebuer. Um Duerf opgewuess, am Bësch an um Feld grouss ginn.

An de Joren 1979 bis 1985 huet en sech lues un den Theatermilieu erugetaascht an dat Handwierk nieweberufflech geléiert an ausgefouert. Vun 1985 bis 2013 war e fräischaffenden Auteur, Acteur a Regisseur am Kabarä, Fräiliichttheater a Kannertheater.

Zanter en 2013 an der Pensioun ass, huet en opgehal mat „Spillen“. E schreift nach weider fir den Theater an zitt nach d’Fiedem als Regisseur. Méi iwwert den Auteur kann een am Luxemburger Autorenlexikon gewuer ginn.

62 Kannerstécker op klengen a grousse Bühnen
38 Kabaräsprogrammer iwwerall am Land
26 Fräiliichtspektakelen zu Groussbus, Kehlen, Buerschent a Beetebuerg
4 Musicals vu Lëtzebuerg bis a Polen
8 Theaterstécker fir d‘Duerfbünen
Vulltime, Kuckshow, Croque Mëssiö, Recto Verso an Autopsy
13 Kabaräsbicher, 1 Mäerchebuch a verschidden Anthologien
2 Monographien

Tickets
Réservation
Obligatoresch Umeldung
Free

Fräien Entrée

Détails de l'évènement