Krimidinner vun den Theaterfrënn

Complet

« OnHEEMlech »

E „kriminalistescht“ Theaterstéck mat kulinareschem Encadrement
geschriwwe vum Christiane Kremer
gespillt vun de Beetebuerger Theaterfrënn

Mir sinn an engem CIPA (Centre Intégré pour Personnes Agées, fréier en „Altersheim“).

Et ass en Dag wéi all aneren … oder net? – Neen, well haut ass Porte ouverte am CIPA „Heemlech“, mee fir d’Pensionnairen ännert dat awer net vill, och wann de Besuch vun der Ministesch ugekënnegt ass:

  • den Abbes an de Jos sëtzen op hirer Bänk, stëppelen an ameséiere sech iwwert d’Visiteuren
  • d’Agnès spëtzt d’Oueren an huet d’Aen iwwerall
  • d’Germaine an d’Tréis halen de Beschass héich
  • d’Maria an d’Lina liewen an hirer Welt

Alles ass also wéi ëmmer, bis … jo, bis datt ee vun de Pensionnairë verschwënnt. A senger Kummer gëtt Blutt fonnt a säi Kleederschaf steet op!

Wat ass geschitt?

Huet ee vun deenen anere Pensionnairen eppes domadder ze dinn? Oder hunn den Direkter Laurent an de Chef-Infirmier Erny eppes ze verstoppen? Ass de Bernard, den Aide-Soignant, wierklech esou fein, wéi e sech mécht? Oder brauch d’Carole, d’Niess vum Tréis a Journalistin, e staarken Ophänkert fir en Zeitungsartikel?

Kommt och Dir an de CIPA „Heemlech“, haalt Är Aen an Är Oueren op a fannt eraus, wat geschitt ass!

Barrierefräien Accès

Menüskaart

Klassesche Menü

Entrée Froide à l’Assiette

Pavé de saumon à la vapeur – Sauce crémeuse
Mousseline de pommes de terre – Légumes glacés
Méli-Mélo de petits pains – Beurre salé

Plat à l’Assiette

Filet de pintade farci aux champignons – Sauce aux fines herbes
Pommes de terre au four au romarin et au thym
Légumes chauds de saison (3 variétés)

Dessert à l’Assiette

Tiramisu d’hiver – coulis de fruits rouges – carpaccio de fruits de saison

Prix ticket + repas : 65€
Vegane Menü

Entrée Froide à l’Assiette

Trilogie de tomates du pays – Tomates à l’ail – Pesto vert – Oignons rouges marinés
Salade aux herbes

Plat à l’Assiette

Mille-feuille de légumes d’été grillés
Riz curry
Salade de jardin à la vinaigrette

Dessert à l’Assiette

Mille-feuille de fruits rouges revisité par Traiteur Niessen

Prix ticket + repas : 60€
03_A_LABEL_PROJEKTLEITER_V1_CMYK_FR
Réservation
Réservation
Veuillez suivre les indications afin de réserver votre place pour l'événement
60,00 65,00 
Réservation non disponible
Événement complet
Sponsors