
« OnHEEMlech »
E „kriminalistescht“ Theaterstéck mat kulinareschem Encadrement
geschriwwe vum Christiane Kremer
gespillt vun de Beetebuerger Theaterfrënn
Mir sinn an engem CIPA (Centre Intégré pour Personnes Agées, fréier en „Altersheim“).
Et ass en Dag wéi all aneren … oder net? – Neen, well haut ass Porte ouverte am CIPA „Heemlech“, mee fir d’Pensionnairen ännert dat awer net vill, och wann de Besuch vun der Ministesch ugekënnegt ass:
- den Abbes an de Jos sëtzen op hirer Bänk, stëppelen an ameséiere sech iwwert d’Visiteuren
- d’Agnès spëtzt d’Oueren an huet d’Aen iwwerall
- d’Germaine an d’Tréis halen de Beschass héich
- d’Maria an d’Lina liewen an hirer Welt
Alles ass also wéi ëmmer, bis … jo, bis datt ee vun de Pensionnairë verschwënnt. A senger Kummer gëtt Blutt fonnt a säi Kleederschaf steet op!
Wat ass geschitt?
Huet ee vun deenen anere Pensionnairen eppes domadder ze dinn? Oder hunn den Direkter Laurent an de Chef-Infirmier Erny eppes ze verstoppen? Ass de Bernard, den Aide-Soignant, wierklech esou fein, wéi e sech mécht? Oder brauch d’Carole, d’Niess vum Tréis a Journalistin, e staarken Ophänkert fir en Zeitungsartikel?
Kommt och Dir an de CIPA „Heemlech“, haalt Är Aen an Är Oueren op a fannt eraus, wat geschitt ass!
Accessibilité sans barrière
Menüskaart
Klassesche Menü
Entrée Froide à l’Assiette
Pavé de saumon à la vapeur – Sauce crémeuse
Mousseline de pommes de terre – Légumes glacés
Méli-Mélo de petits pains – Beurre salé
Plat à l’Assiette
Filet de pintade farci aux champignons – Sauce aux fines herbes
Pommes de terre au four au romarin et au thym
Légumes chauds de saison (3 variétés)
Dessert à l’Assiette
Tiramisu d’hiver – coulis de fruits rouges – carpaccio de fruits de saison
Prix ticket + repas : 65€
Vegane Menü
Entrée Froide à l’Assiette
Trilogie de tomates du pays – Tomates à l’ail – Pesto vert – Oignons rouges marinés
Salade aux herbes
Plat à l’Assiette
Mille-feuille de légumes d’été grillés
Riz curry
Salade de jardin à la vinaigrette
Dessert à l’Assiette
Mille-feuille de fruits rouges revisité par Traiteur Niessen