![](https://literatour.lu/wp-content/uploads/2024/02/Geschichten-aus-dem-Escher-Deierepark-1.jpg)
Lecture intergénérationnelle mam Olga Reiff - de Forum
![](https://literatour.lu/wp-content/uploads/2024/02/Geschichten-aus-dem-Escher-Deierepark1.jpg)
Geschichten aus dem Escher Déierepark
Op dëser Liesung fir Grouss a Kleng hëlt Iech d’Kannerbuchautorin a Kënschtlerin Olga Reiff mat op e literareschen Trëppeltour duerch den Escher Déierepark. No enger kuerzer Paus, déi mir bei guddem Wieder am Gaart verbréngen, proposéiert d’Olga e fräie Molatelier zum Thema „Faarwen, déi aus dem Häerz kommen“. Dobäi hutt Dir d’Méiglechkeet, mat Gouachefaarwen a Pinsel Är ganz perséinlecht Häerzens-Bild op d’Pabeier ze bréngen.