Lët’z druddel –
eng flott intergenerationell a kabarettistesch Liesung mam Marc Weydert

Marc Weydert, Autor a Komponist vu Kannerlidder a Kannerbicher

Kommt op dës flott intergenerationell a kabarettistesch Liesung vum a mam Lëtzebuerger Auteur a Gewënner vum Lëtzebuerger Buchpräis 2025 (Jurys- a Publikumspräis) a vum Concours littéraire national 2021, Marc Weydert. Mam Programm “Lët’z druddel” ass hien aktuell op Tournée a kënnt esou och am Kader vum LiteraTour bei eis op Beetebuerg.

Seng Texter a Lidder ginn a Versform presentéiert, woubäi vill mat der Sprooch gespillt gëtt, awer och bekannte Perséinlechkeeten aus der Lëtzebuerger Literatur, de Märercher, Seeërcher a Legende kommen an d’Spill. „Verdruddelt Geschichten“, „Zerknujelt Geschichten“, „Alarm am Geessenhaus“, „KRIXKRAX“ si Bicher fir Kanner vu 4 Joer un, allerdéngs hu se och e Message fir manner jonk Lieser !

An Zesummenaarbecht mam Club Aktiv + deForum a mam SEA Beetebuerg

Shuttleservice: Anmeldung unter M culture@leudelange.lu oder T 37 92 92 206

Sprooch: LU

Détails de l'évènement
Tickets
Reservatioun
Free

Fräien Entrée
Barrièrefräien Accès

Reservéiert w.e.g. Är Plaz(en)
um Tël.: +352 51 16 06-8001
oder

Détails de l'évènement
Sponsors