De klenge roude Léiw
Eng Erzielung vum Mireille Weiten – de Waha

De LiteraTour invitéiert an de Parc Merveilleux

Liesungen um Mäerchepad

Mam Mireille Weiten – de Waha

Wosst dir datt dem Mireille seng Erzielungen um Mäerchepad am Parc Merveilleux verankert sinn?

Kommt entdeckt eng dovunner a lauschtert déi ganz Geschicht vum

De klenge roude Léiw

De klenge roude Léiwe-Prënz wunnt an sengem Schlass am Bësch an ass traureg, dass heen ni alleng spadséiere goen däerf, fir Aventuren ze erliewen. Vum Virwëtz gedriwwen, schläicht heen sech aus dem Schlass, fir fléien ze léieren. Op sengem Wee duerch de Bësch léiert heen Déiere kennen, déi et méi oder och manner gutt mat him mengen. Bei sengem Versuch, fléien ze léieren, muss heen ëm een Hoer mat sengem jonke Liewe bezuelen.

D’Mireille Weiten-de Waha, gebuer de 24. Februar 1967 zu Beetebuerg, ass eng lëtzebuergesch Schrëftstellerin, déi haaptsächlech Geschichte fir Kanner schreift.

Si ass zanter 1999 mam Déieremoler Marco Weiten bestuet, deen hir Bicher illustréiert.

Vun 2013 bis 2014 war si Presidentin vum Lëtzebuerger Schrëftstellerverband.

Réservation
Reservation
Pour assister à la lecture vous devrez acheter un billet d'entrée au Parc
Free

Barrièrefräien Accès
Keng Reservatioun

Präis : Entréesticket fir an de Parc Merveilleux
D'Liesung fannt dir beim Mäerchenhaischen "Klenge roude Léiw".

Détails de l'évènement
Sponsors