
D’NIKKI NINJA erzielt vu RÄPPELDENG, engem fiktive rouegen Lëtzebuerger Duerf. Roueg ass relativ, well do wou d’NIKKI NINJA opdaucht ass eng lass ! D’Texter erziele vu Situatiounen an Erliefnisser déi zu Räppeldeng (oder an egal wéi engem Duerf/Klengstad) passéiere kënnen. Am Kostüm vu der Superheldin NIKKI NINJA gëtt d’Nicole Bausch souzesoen eng larger than life Identifikatiounsfigur, eng Projektiounsfläch zu der d’Kanner sech verbonne fille kënnen.
Ouschtereeërsich am Beetebuerger Schlasspark
Liesen, rocken, spillen
Maacht mat op der Chasse aux oeufs a stellt ärt Können op eisem
Geschécklechkeetesparcours ënnert Beweis.
Den 21. Abrëll invitéiere mir d’Famillen an de Beetebuerger Schlasspark op den Optakt vum
LiteraTour,
mat Kannerliesungen a -concerten,
enger Wimmerlbuchexpo
a flotten Atelieren.
Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt.



(C) Alain Piron
