Reading in loops
Antoine Pohu, Nicolas Calmes a Gäscht

Reading in loops

Den Antoine Pohu an den Nicolas Calmes ginn den Texter eng Stëmm

Mat Reading in loops lueden den Nicolas Calmes an den Antoine Pohu iech op eng Experienz an. Eng Rencontre zwëschent Musek an Literatur. En Dialog zwëschent Texter, zwëschent Sproochen, zwëschent zwee Kënschtler déi ausser hirem Passage am Prix Laurence virum zwee honnert a siwe Joer villäicht méi gemeinsam hu wéi se mengen oder manner wéi se denken.

Hip Hop, franséisch Prosa, Punk, jazzy Gittar riffs, Slampionships, en neie Roman, skateboarding an ze vill Owender am Theater… dat alles gravitéiert e bëssen, méi oder wéineger, oder guer net, ëm är Oueren, an onendlechen Loops déi mat Rhythmus a Klang den Texter eng nei Stëmm ginn.

Dëse Projet am Kader vum LiteraTour ass fir déi zwee eemoleg Prix Laurence Gewënner e retour à la case départ, an eng Manéier ze weisen wat fir e Wee si säit deem gaange sinn. Eng Manéier, den Lauréate vun haut ze weise wéi eng Weeër ee goe kann.

Den Nicolas Calmes mécht e Bachler an English Studies op der Uni Luxembourg, fiert Skateboard, séngt an rappt an der Band Beyond Me an war viru kuerzem an de Finale vum European Poetry Slam Championship.

Den Antoine Pohu studéiert Theaterwëssenschaften zu Bréissel, fänkt un nieft sengem Schreiwe skurill Performancen z’erschafen oder aus Dramaturg ze schaffen. Hie profitéiert vum Owend fir säin zweete Roman Parfois la nuit se tait virzestellen.

D’Laureate vum Prix Laurence sinn agelueden un der Liesung Deel ze huelen, déi mat engem Open Stage ophält.

Reservatioun
Free

Entrée gratuite
Accessibilité sans barrière
Sans réservation

Détails de l'évènement
Sponsors