
Et wor de Léiweckelchen mam Yannchen Hoffmann, Carlo Hartmann a Marcel Heintz
am Kader vun der Buchvirstellung “100 Joer Chorale Municipale Sängerfreed Beetebuerg”


19.00
Accueil
19.30

Präsentatioun vum Buch “100 Joer Chorale Municipale Sängerfreed Beetebuerg”
E puer Froen un de Lucien Einsweiler, Präsident vun der Chorale Sängerfreed.
D’Buch kritt een haut den Owend natierlech och ze kafen!
20.00
Et wor de Léiweckelchen mam Yannchen Hoffmann & Carlo Hartmann
En “dout-eeschten” Zweeakter mat Musek, zum Zweehonnertste Gebuertsdag vum Dicks
Et spillen Marcel Heintz, Yannchen Hoffmann a Carlo Hartmann
Op der Uergel de Louis Specogna
D’Mumm Séis an den Hexemeeschter, wie kennt se net?
Oder deen ongléckleche Kanonéier, deen d’Première 1856 emol net méi materliewe konnt …
Iwwerlieft hu just d’Ketty an de Péiter, mee grad un déi zwee erënnert sech kee Mënsch méi.
Abee, d’Yannchen an de Carlo krute vum Dicks perséinlech * den Optrag e lëschtegt Theaterstéck mat Musek a Gesank ze schreiwen.
Wat koum derbäi eraus (well dat Geséngs wor ni hiert a mat der Musek stounge se och ëmmer op Krichsfouss ):
En Trauerspill, 2 Akte laang …
* Well déi zwee si mëttlerweil schonns esou al datt si den Dicks op en Hoer nach perséinlech hätte kenne kënnen …
