

Sprooch: Lëtzebuergesch
Kommt an entdeckt e puer vun de Kuerzgeschichten aus der TIMBA-Serie an enger ofwiesselungsräicher Liesung (op Lëtzebuergesch) mam Romain Haas („Am Ballon iwwer Lëtzebuerg“, Timba 20), Cathy Clement („Rondel“, Timba 21), Jérôme Netgen („Komm zeréck, Stevie Ray“, Timba 23) a Christiane Kremer („Gëff mer keng Bees“, Timba 24).
Moderatioun: Luc Marteling.
Weider Informatiounen iwwer d’TIMBA-Bicher fannt Dir op www.kremart.lu/bicher
Eng Zesummenaarbecht vun de Gemenge Beetebuerg a Leideleng, am Kader vum LiteraTour2025.
Mat der Ënnerstëtzung vum Club Aktiv+ de Forum, dem Cercle Culturel et Historique de Leudelange an dem Verlag Kremart Edition.
Navette:
Aller: 16.30 Auer Beetebuerg-Sportshal, Retour: 19.00 Auer Kultur- a Veräinsbau “An der Eech”.
Entdeckt dee ganze Programm vum Ouschterméindeg hei:
https://literatour.lu/de-programm-2025/lundi-21-avril/


