Marche gourmande

Marche gourmande iwwert d’Dierfer vun der Gemeng am Kader vum Fest vum Buch

Wéini?

Sonndes, den 21. Abrëll beim KulTourhaus zu Hunchereng
Departen tëschent 9 an 10.15 Auer

Marche Gourmande den 21. Abrëll 2024

Den 21. Abrëll ass am Kader vum Fest vum Buch déi 2. Editioun vun der Marche gourmande an der Gemeng Beetebuerg.

Beetebuerger Veräiner suerge fir ee gudde Maufel an ee Patt op 6 verschiddene Statiounen op de Weeër déi eis Dierfer matenee verbannen. (ca 11,5 km).

Halt Är Aen ënnerwee op, mat engem klenge Quiz hutt dir d’Méiglechkeet eppes ze gewannen.

Aschreiwung vun 8.45 Auer u beim KulTourhaus zu Hunchereng – Mir proposéieren d’Navette bei der Sportshal zu Beetebuerg ze huelen, déi Iech direkt op Hunchereng bréngt an och no der Marche erëm zeréck, mat Depart um 8.45 an 9.20 Auer.

Éischten Depart:

9.00 Auer

Leschten Depart

10.15 Auer

Präis:

Erwuessener: 48 €

Kanner (6-14) : 20 €

Kanner < 6 Joer si gratis

Am Präis ass d’Iessen + 6 Gedrénks abegraff.

  1. Café-Croissant – KulTourhaus
  2. Antipasti – Obeler Kapell
  3. Zëppchen – Heckenhaff
  4. Salade vietnamienne – Park Klenschenhaff
  5. Duo de brochette – Atelier gourmand
  6. Déi läscht Drëps – Äppelbierg
  7. Dessert – KulTourhaus
Organisatioun:
  • Gemeng Beetebuerg an Zesummenaarbecht mat de Veräiner
  • Les Trésors de la BD
  • Association italo-luxembourgeoise Bettembourg-Dudelange
  • Amicale italo-luxembourgeoise Bettembourg
  • Hëllef fir de gudden Zweck
  • Aide au Vietnam
  • Fräizäit Fëscher Beetebuerg
Aschreiwung


Détails de l'évènement
Sponsors