D’Fest vum Buch 2024

D’Fest vum Buch

Wou Geschichte fléien an Dreem wouer ginn.

Beim Fest ronderëm d’Buch ass fir jiddereen eppes derbäi. 

En Event fir déi ganz Famill, e Potpurri aus Bicher, Liesungen, Atelieren, Kulinarik a Familljefest. 

Sonndes, den 21. Abrëll
Vun 11.00 bis 18.00 Auer

Am a ronderëm d’KulTourhaus zu Hunchereng

Profitéiert vun eiser Navette mat engem Départ all 10 Minutten: ab 10.00 Auer zu Beetebuerg bei der Sportshal an ab 13.00 Auer um Parking vum Cactus Beetebuerg, route de Dudelange

Editeuren an Auteure stelle sech am grousse Festsall vir a leeën hir Neiegkeeten aus.
Et freeën sech op Iech:
ALL Schrëftsteller*innen asbl, Bibliobus vu Caritas Jeunes et Familles asbl, Bicherkueb – de soziale Bicherbuttek, capybarabooks, d’Bréck, Éditions Gérard Klopp, Éditions Guy Binsfeld, Éditions Phi, Fabienne Michaux, Frënn vun der 9. Konscht, Freed um Liesen asbl, Hydre Editions, Jacques Kremer, Jean-Marie Backes, KIWI E.L.G, Kremart Édition, Laila Adami, Librairie Ernster, Lënster Bicherclub Luxemburgensia, Maison des Jeunes et de la Culture Bettembourg, Op der Lay, PersPektiv Editions, Pit Hoerold & Fern Rollinger, Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch, Zoom Editions

Déi wonnerbar Valibrairie (Valerija Berdi / 100,7) – live aus dem Kultourhaus

Signéierstonnen

Kreativ Workshoppen a Gesellschaftsspiller am Groussformat 

Catering (Grill a Kaffistuff)

Den Trëppeltour vun der Marche gourmande kënnt haut och um Fest vum Buch laanscht.

Méi informatiounen iwwert d’Marche gourmande

Liesungen 

14:00
Martine Schoellen:

Wärend „Déi dräi Béis“ hir Béisaartegkeet wëlle beweisen, gëtt Den Här Äschtchen stänneg mat engem gewéinleche Bengel verwiesselt. Deenen dräi Béisen hir Missioun? Engem Meedche säi Schnappech schuppen. Dem Här Äschtchen seng? Zeréck bei seng Léifste kommen. Iwwerdeems déi Béis d’Meedchen net beandrocke kënnen, gewënnt den Här Äschtchen eng ganz besonnesch Persoun fir sech …
D’Martine Schoellen huet nieft dësen, nach 6 weider Titele vum Julia Donaldson an Axel Scheffler iwwersat, dorënner och „De Grüffelo“.

14:00
Géisskan Kollektiv presentéiert: Spoken Word

Frënn vu Poetry Slam, kommt bäi! D’LyrikerInnen Jana Schockmel, Camal Tahireddine, Chris L a Benny J trieden op zielen erstaunlech Geschichten mat Witz an Trauer. De Nicolas Calmes – lëtzebuerger Poetry Slam Champion 2022 – moderéiert eng Performance, déi alles aneschtes wéi moderat wäert sinn.

Géisskan Kollektiv Presents: Spoken Word

Friends of poetry slam, unite! Join poets Jana Schockmel, Camal Tahireddine, Chris L and Benny J for spoken word fun, squalor and marvel. Nicolas Calmes – Luxembourg poetry slam champion 2022  – will host performances to boast about.

15 :00
Claudine Muno

D’Claudine Muno schreift a mécht Musek. Fir hir Romaner « frigo » huet si 2004 de Prix Servais kritt, « Komm net kräischen » an « Dëst ass net däi Liewe » goufen 2016, respektiv 2023 mam Lëtzebuerger Buchpräis ausgezeechent. Mat de Bands The Luna boots a Monophona huet si divers Albumen opgeholl an ass zu Lëtzebuerg an am Ausland opgetrueden. Am Kader vum « Fest vum Buch » proposéiert d’Claudine Muno kuerz Texter a Solo-Songs.

15:30
Potty Lotty : D’Alice am Wonnerland

Di meescht Kanner kennen dëse Klassiker aus der Europäescher Kannerliteratur, déi de Lewis Caroll am Joer 1865 publizéiert huet, duerch d’Verfilmung vun Disney. No der Bibel, ass d’Märche vum Alice dat Buch wat an di meeschte Sproochen iwwersat ginn ass an nach ëmmer gëtt. Den Text ass geckeg, voller Fantasie, witzeg a mécht net ëmmer Sënn!

Zesumme mam Potty Lotty, dauch dir matten an d’Geschicht an: dir gitt invitéiert fir iech un dem verrécktem Huttmaacher, dem Märzhues an dem Siweschléifer hiren Dësch unzesetzen, a mat hinnen een “Teatime” ze genéissen. Loosst iech den Téi an d’Kichelcher gutt schmaache, wärend dir gemittlech hirem Quatschgespréich nolauschtert.

Fir Kanner vun 9 Joer un an hir erwuesse Begleeder

 

16:00

De Jean Schoos liest aus „Attentat – Dem Fischbach säi 5. Fall“

De 5. a finale Band vum Jean Schoos senger Serie „Gudde Gendaarm, Béise Gendaarm“ spillt am Joer 1983. Den Enquêteur Fischbach huet no laanger Déngschtzäit de Bëss verluer, mee zwee nei Fäll erwäche säi Juegdinstinkt nees: en Uschlag op d’Bunn an eng Läich vun engem vermeintleche Journalist am Stauséi. D’Indizie féieren hien an d’Lëtzebuerger Schwäiz, an d’Sich no handfeste Beweiser leeden e bei al Bekannten an op geféierlechen Terrain.

17:00
Nikki Ninja & Afrobeathoven

Hannert dem Projet NIKKI NINJA & AFROBEATHOVEN stiechen 3 bekannte Lëtzebuerger Kënschtlerperséinlechkeeten : d’Nicole Bausch (NICOOL), de Pol Belardi (mat sengem Bandprojet AFROBEATHOVEN) an Dan Tanson (Spezialist fir Musektheater fir Kanner). Zesummen wëllen di 3 e flotten Programm op d’Been stellen, dee mat Wuertwitz, fette Beats, jazzy Hooks a schlaue Reimereien vum fiktive Lëtzebuerger Duerf Räppeldëng erzielt.

De Projet NIKKI NINJA & AFROBEATHOVEN ass net einfach e Concert mee gesäit sech éischter als Spektakel. D’Kënschtler hunn decidéiert der Rapperin Nicole Bausch hei eng Zort weiblechen Superheldenstatus ze ginn, wou hatt mat sengem Alter Ego NIKKI NINJA iwwert sech erauswuessen kann.

D’NIKKI NINJA erzielt vu RÄPPELDENG, engem fiktive rouegen Lëtzebuerger Duerf. Roueg ass relativ, well do wou d’NIKKI NINJA opdaucht ass eng lass ! D’Texter erziele vu Situatiounen an Erliefnisser déi zu Räppeldeng (oder an egal wéi engem Duerf/Klengstad) passéiere kënnen. Am Kostüm vu der Superheldin NIKKI NINJA gëtt d’Nicole Bausch souzesoen eng larger than life Identifikatiounsfigur, eng Projektiounsfläch zu der d’Kanner sech verbonne fille kënnen.

Tickets
Keng Reservatioun néideg
Free

Fräien Entrée
Barrierefräien Accès

Détails de l'évènement
Sponsors